Le ministre des Communications et des Médias lors de la réception de nouvel an pour la presse

Léiwe Frënd Premierminister,
President vum Presserot,
Dir Dammen an Dir Hären.

Ech wëll emol fir d'éischt op dat zeréck komme wat de Fernand Weides an der Mëtt vu senger Ried gesot huet: Net nëmmen no vir kucken, och no hanne kucken. Ech wëll och deene Kollege vun Iech gedenken, déi Iech an eis am Laf vum Joer verlooss hunn, a vill méi fréi wéi een iwwerhaapt hätt kënnen denken, datt se ee géife verléieren. An ech mengen, och dat ass wichteg, datt een e Bléck no hanne gehäit.

Et ass oft esou, an der Press wéi an der Politik, datt mir emol no vir kucken, dat ass jo net schlecht, mä et muss een och heiansdo wësse wat hannert eis läit, well Muer kënne mir nëmmen aus dem Gëschter erklären.

An och dat ass ee vun deene puer Gedanken, Här Premierminister, deen ech wëll a menger Qualitéit als Presseminister mat Iech deelen.

Mir sinn an der Press net méi wéi fréier, wou et drëm gaangen ass virun allem Informatiounen ze ginn. Ech soen dat och als Telekomsminister, dee bestrieft ass ze kucken, datt mir ëmmer méi séier Internetverbindunge kréien, datt d'Leit ëmmer méi séier un d'Informatioune kommen. D’Haaptmissioun Informatiounen ze ginn ass haut net méi déi Haapterausfuerderung vun der Press. Et bleift eng Erausfuerderung. Mä Informatiounen si vill méi do.

Wat d'Press ka méi bréngen, wéi d'Informatiounen déi een einfach um Internet fënnt, dat ass déi Informatiounen ze hannerfroen, ze analyséieren, a Fro ze stellen, an d'Leit, déi Bierger dobaussen, och zu engem kritesche Geescht ze bréngen. Ech mengen, dat ass déi grouss Erausfuerderung vun der Press an Zukunft.

Ech ginn elo net laang op déi Table Ronde an, déi de Fernand Weides schonn ernimmt huet, do hätt ech nach villes dozou ze soen. Dat wäerte mir och deemnächst maachen, de Premier an ech, mat enger éischter Reunioun mat der Federatioun vun den Éditeuren. Ech ginn net weider drop an, mä fir mech sinn 2 Saache wichteg.

Dat éischt ass, datt mir mat den neie Medien ëmmer méi eng Verschmëlzung hu vum Geschriwwenen, vum Geschwaten an ebe vun dem Elektroneschen. Domat solle mir eens ginn, kënne mir eens ginn, musse mir eens ginn. Ouni datt mir awer sollen dat a Fro stellen, wat mir hei an dësem Land gemaach hu fir d'Meenungsfräiheet a Meenungspluralismus.

Ech war elo kierzlech, wéi verschidde Presseorganer dat och geschriwwen hunn, an Éisterräich, wou ech och mat enger ganzer Partie däitschen, éisterräicheschen, och südtiroler Presseleit geschwat hunn. Wat ech just wëll soen, wann ech kucke wéi vill Pluralismus mir an dësem klenge Land vun enger halwer Millioun Awunner hunn; a wann ech kucke wéi awer soss d'regional Press, well eigentlech wäre mir nëmmen eng regional Press, ëmmer méi zum Monopol tendéiert, solle mir emol frou sinn iwwer dat wat mir hei erreecht hunn, datt mir e Pressepluralismus hunn.

An dee Pressepluralismus solle mir och an Zukunft erhalen. An och wa mir iwwer d'Zukunft diskutéieren, solle mir net einfach d'Kand hei mat der Buedbidden ausschëdden. Mir solle kucken, datt mir hei Fouss beim Mol behalen. Mir sollen houfreg sinn op dat wat mir hunn.

A mir dierfen nach eppes net vergiessen. Mir schwätzen hei mat der lëtzebuerger Press. De Lëtzebuerger hält et mat der Press wéi mam Wäin. E konsomméiert och auslännesch Presseorganer. Och dat solle mir wëssen, datt d'lëtzebuerger Press net déi eenzeg ass déi de lëtzebuerger Bierger hei zu Lëtzebuerg influenzéiert.

Dat ass den éischte Gedanken, datt mir de Pressepluralismus behalen.

Deen zweeten ass d'Qualitéit vun engem professionelle Journalismus. Ech mengen, deen ass haut méi gefrot wéi jee. Well mir sinn an engem Zäitalter wou mir mengen, majo d'Press dat geet just duer, datt ech selwer Journalist spillen an ech schécken iergend e Message aus dem Bauch eraus, schécken ech elo an ech publizéieren en op Internet. Dat ass kee Journalismus. Wa mir just kucken, datt d'Leit, wat se fréier beim Béierdësch gesot hunn, datt se dat elo haut op den elektronesche Béierdësch da schécken.

Dat kann et net sinn, an dofir ass eng grouss Erausfuerderung och de qualitative Journalismus.

An ech mengen, dat ass och eng Erausfuerderung net nëmmen un d'Politik, mä och un d'Journaliste selwer. De Fernand Weides huet dat Gesetz vun 2004 ernimmt, wou ech schonn deemools a menger éischter Missioun als Medieminister vill dru bedeelegt war.

Wat war d'Iddi? D'Iddi war fir d'Fräiheet vun der Expressioun ze maachen, Liberté d'expression, d'Fräiheet. A Fräiheet wëll och soen, Responsabilitéit. Mir hunn d'Strofbestëmmungen eraus geholl. Mir ginn ëmmer erëm gefrot, heiansdo esouguer aus Pressekreesser selwer, méi Strofbestëmmunge géint d'Journalisten ze maachen. Ech warnen do virdrun. Ech mengen, mir solle Fräiheet hei als eppes ervir bréngen, wat wichteg ass. Ech kenne genuch Länner, et ginn der 100, op d’mannst 100 an der Welt, géif ech fäerten, wou d'Press net déi Fräiheet huet wéi hei, dofir solle mir un där Fräiheet hänken an dofir ass et och mengen ech un der Press selwer déi Responsabilitéit ze iwwerhuelen fir och eppes ze hannerfroen an net nëmme just dat vun haut ze schreiwen.

Ech, manner wéi de Premier, mä ech och sammele regelméisseg Zeitungsartikelen, sinn ëmmer erëm iwwerrascht wéi ech an der selwechter Zeitung, heiansdo aus der selwechter Fieder, haut eppes liese wat total aneschters ass wéi fréier. Do soen ech, et ass och heiansdo gutt, wann ee sech mat sech selwer, soen ech och als Politiker, emol ausernee setzt. Woufir hues de fréier dat geschriwwen, woufir schreifs de haut eppes? Ass dat haut wierklech méi richteg wéi dat wat’s de fréier geschriwwen hues, oder has de fréier vläicht net awer Recht? Dat sinn déi Froen déi mir all mussen zesumme kucken.

Dofir soen ech och, datt mir selbstverständlech bereet sinn, am Kader vun dem ALIA-Projet, wou et drëm geet d'Autoritéit fir d’audiovisuell Medien ze schafen, mam Presserot ze kucke wéi mir Iwwerschneidunge kënnen an Aklang bréngen.

E groussen Ënnerscheed ass allerdéngs folgenden: bei den audiovisuelle Medien kënne mir hei en Organ schafen an u sech doduerch iwwer d'Gesetz och vun uewen erof vum Staat eppes regelen. De Wonsch vun der Press, deemools beim Pressegesetz, war, fir datt de Presserot kee Staatsorgan gëtt, keen institutionellt Organ, mä en Organ gëtt wou d'Press sech selwer reguléiert. Wat natierlech mat sech bréngt, datt e Presserot manner Befugnisser huet wéi déi ALIA ka kréien. Dat wësse mir, an ech mengen ech hu selwer de Wonsch geäussert gehat mam Presserot hei zesummen ze schaffen. An ech mengen, dat wäerte mir och maachen.

Ech kann dann eng gutt Noriicht haut verkënnegen. Et ass eng kleng Noriicht, et ass e klenge Schrëtt fir d'Press. Ech sinn de Moie fir d'éischt erëm op de Büro komm an ech hunn dunn d'Avisë vum Staatsrot geliest, déi e Freides den 21. Dezember ginn huet. De Staatsrot huet dann och elo en Avis, eigentlech relativ positiv, ginn iwwer d'Fro vun der Kaart wou Presse drop steet, déi een dierf an den Auto leeën. Also, e klenge Schrëtt fir d'Fräiheet vun der Press, mä e grousse Schrëtt fir déi déi den Auto mussen iergendwou stationéiere loossen, an net wëllen direkt verjot ginn. Dat ass also elo e klenge Schrëtt.

Ech mengen, mir wäerten an dem nächste Joer nach vill aner Saachen zesummen diskutéieren. Dofir vu menger Säit och, d'selwecht wéi de Fernand Weides gemaach huet, och Gléckwënsch fir dat Neit Joer un Iech. An awer och un all déi déi Iech nostinn. Et ass ganz schwiereg e Beruff ze maachen, auszeüben, wann ee selwer net déi néideg Rou huet. Dozou gehéiert, datt ee sech gutt fillt, gesondheetlech, et gehéiert awer och dozou, datt ee privat Momenter huet wou ee Mënsch ka sinn. An dat ass och wichteg, souwuel wann ee Politiker ass, wéi wann ee Journalist ass.

Et muss ee selwer Mënsch sinn, da geet een och mat Responsabilitéit drun erun. All Responsabilitéit, mir mussen all wëssen, déi eng déi Gesetzer maachen, Décisiounen huelen, Dir déi eppes schreift, déi Responsabilitéit déi mir hunn, datt mir kënne Leit wéidoen, datt mir kënne Leit blesséieren déi net ze blesséiere sinn. An ech mengen, dat ass eng gemeinsam Verantwortung déi mir hunn an der Politik, déi Dir hutt am Journalismus an déi eben eis dozou zwéngt och selwer aneschters deontologesch vläicht erunzegoen un d'Dossieren, wéi Leit déi aner Beruffer hunn.

Dofir nach eng Kéier alles Guddes. An da loosse mir kucke wat mir an engem Joer dann nach hei méi kënne soen.

Merci.

Dernière mise à jour