Aktualiséiert den
Den SMC
Den Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda ass en Deel vum Staatsministère a steet ënnert der Responsabilitéit vun der delegéierter Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit.
Vun Ufank un huet den Departement d'Entwécklung vun neie Kommunikatiounstechnologien a vun de Medien ënnerstëtzt.
Haut leien seng Haaptaufgabegebidder an dëse Beräicher:
- Digitalen Agenda "Innovative Initiatives",
- Medien (Printmedien, Radio, Televisioun, Online-Medien, audiovisuell Produktioun,…),
- Espace,
- Elektronesch Kommunikatioun (5G, kënschtlech Intelligenz,…) a Postdéngschter,
- Radiosfrequenzen,
- Dateschutz.