Aktualiséiert den
Gesetzesprojet iwwert d'Reform vun der Pressehëllef - eng Ënnerstëtzung fir déi professionell journalistesch Aarbecht
D'Reform vun der sougenannter "Pressehëllef" ass elo an der legislativer Prozedur a gëtt der zoustänneger Chamberkommissioun virgeluecht. Den Text, deen de Regierungsrot ugeholl huet, wäert dat aktuellt Fërdergesetz aus dem Joer 1976 ofléisen.
Zil vun der Reform ass et, d'Meenungsdiversitéit laangfristeg ze stäerken an eng zukunftsorientéiert Weiderentwécklung vun de Presseorganer z'erméiglechen. Konkret bedeit dat, datt en technologieneutrale Fërdermechanismus geschafe soll ginn, deen all Publikatiounen - Print an Online zu de selwechte Konditiounen - zur Verfügung stoe wäert.
D'Konditioune sinn déi folgend:
- eng breet opgestallten Ausriichtung vum Contenu, dee pèolitesch, wirtschaftlech, sozial a kulturell Themen souwuel am nationale wéi och am internationale Kontext ëmfaasst;
- reegelméisseg Publikatioun: op d'mannst eemol de Mount fir Printmedien, mindestens zwee deeglech Bäiträg fir Onlinepublikatiounen;
- mindestens fënnef vum Lëtzebuerger Presserot unerkannte Journaliste mussen ugestallt sinn;
- de redaktionelle Contenu muss géigeniwwer vun der Werbung dominéieren;
- Kennzeechnung vun bezueltem Contenu;
- Méiglechkeet fir illegale Contenu ewéi Haassrieden o.ä. an de Kommmentarer ze läschen.
Erweiderung vun de fërderberechtegte Medien a Fërderung vun der Formatioun
Anescht wéi am aktuelle Fërderscheema solle Mensuellen, Gratiszäitschrëften a Medien op Portugisesch an Englesch och fërderberechtegt ginn, fir esou der sproochlecher Diversitéit zu Lëtzebuerg Rechung ze droen a fir alternativ Geschäftsmodeller z'integréieren.
D'Zeitungsverläg an d'Editeure ginn ausserdeem dozou encouragéiert an d'Formatioun vun de Journalisten z'investéieren, aktiv an der Mediebildung matezwierken an hir publizistesch Grondsätz ze verëffentlechen.
"D'Press ass ee Grondpeiler vun der Demokratie. Mir stäerken d'Basis vum Journalismus, fir datt dee sengem gesellschaftlechen Optrag laangfristeg gerecht gëtt an déi medialen Meenungsdiversitéit zu Lëtzebuerg weiderhin erhale bleift", erkläert de Kommunikatiouns- a Medieminister Xavier Bettel.
Stäerkung vun der redaktioneller Aarbecht an der Innovatioun
Déi järlech Finanzéierung setzt sech aus zwee Deeler zesummen: Engersäits ass e Grondbetrag vun 200.000 EUR järlech virgesinn ("Innovatiounshëllef") a weiderhi gëtt eng Ënnerstëtzung ausbezuelt, déi un der Unzuel vu beschäftegte Journalisten gemooss gëtt an e Betrag vun 30.000 EUR pro Vollzäit-Journalist virgesäit.
"Am aktuelle Fërderregimm ginn déi gedruckte Säite subventionéiert. Dat ass net zäitgeméiss a setzt d'Medium an net déi journalistesch Aarbecht an de Fokus. Mir geet et awer dorëms, fir d'Mënschen, déi déi professionell journalistesch Aarbecht leeschten, an de Vierdergrond ze stellen. Dofir berechent sech dee neie Finanzéierungsmechanismus op Basis vun der Unzuel u professionelle Journalisten", esou de Minister.
Déi järlech Maximalbeträg si gestaffelt jee no Aart vun der Publikatioun (Dageszeitung, Wochenzeitung, Mernsuel, Onlinepublikatioun), fir déi ënnerschiddlech Käschtestrukturen ze berücksichtegen.
Ënnerstëtzung vu Startuppen a Community-Medien
Ee weidere Mechanismus adresséiert sech u Startuppen am Medieberäich. Hei geet eng Ekipp vun zwee professionelle Journalisten duer, fir e Festbetrag vu järlech 100.000 EUR ze kréien, deen op zwee Joer limitéiert ass, an deem Ausgabe vun op d'mannst 200.000 EUR virausgoe mussen.
Eng drëtt Hëllef riicht sech u Community-Medien. Heimat si net-kommerziell Medien (Radio an audiovisuell Medien inclus) gemengt, déi op d'mannst zwee professionell Journalisten hunn, an och Bierger un der redaktioneller Aarbecht bedeelegen a Medienerzéiung, Integratioun an de sozialen Zesummenhalt als Ziler verfollegen. De Kommunikatiouns- a Medieminister kann hei eng Hëllef vu maximal 100.000 EUR pro Joer accordéieren.
Professionelle Journalismus als Garant fir Qualitéit a Relevanz
"Dréi- an Aangelpunkt vun de verschiddenen Hëllefe vum neie Gesetz sinn déi professionell Journalisten, déi enger journalistescher Beruffsethik verflicht sinn an esou ë. a. der Sorgfaltsflicht ënnerleien, an déi d'Trennlinn tëschent klassesche Medien a soziale Netzwierker ausmaachen", esou de Xavier Bettel.
Eng Expertekommissioun, déi sech esouwuel aus Beamten ewéi och aus externen Experten, dorënner dem Presserot, zesummesetz, wäert de Minister a Bezuch op den Accord vun den Hëllefe beroden. Fir all Medien d'Méiglechkeet ze ginn, sech beschtméiglech op déi deen neie Kader unzepassen, soll eng Iwwergangsfrist de Medien, déi ënnert deem ale Gesetz eng méi héich Kompensatioun accordéiert kritt hätten, wärend fënnef Joer eng finanziell Kompensatioun bewëllegt ginn.
Communiqué vum Departement fir Medien, Telekommunikatioun an Digitalen Agenda